top of page

-Säit 1978-

Fierkelshaff.png

 frësch/lokal/fair

Schwéngefleesch / Blummen

farmer_portraits_meat_basket_93.jpg
OIP.jpg

Den Hueweler Fierkelshaff

Den "Hueweler Fierkelshaff" ass en traditionelle lëtzebuergesche Bauerenhaff, deen sech duerch seng Engagement fir Nohaltegkeet an déi héich Qualitéit vu senge Produkter auszeechent. Mer hunn eis op  lokal produzéierte Schwéngfleesch a Blumme spezialiséiert. Mat engem staarke Fokus op d'Wuel vun eise Déieren an d'Fërderung vu fair a solidaresche Präisser fir d'Baueren. Zu den Offere gehéiere verschidde Fleeschcolisen wéi "Delux", a "Grill Spezial", dëst fir all Goût a Bedierfnis. Eis Produkter kënne ganz bequeem iwwer eise Shop, Whatsapp oder E-Mail bestallt gi.

  • Instagram
  • Facebook
  • LinkedIn

Eis Colisen

Eis Philosophie ass fir Schwäin ee Maximum ze valoriséieren. Duerfir kritt ee bei eis am Prinzip och just Fleesch am Colis ze kafen, wou vun allem dran ass. Nëmmen wa mer Saachen ze vill hunn, ginn se am eenzele verkaaft. Mir verkaafe 4-6 mol pro Joër

Frësch Blumme
direkt vum Feld

Selwer gepléckt:  Är perséinlech Blummenauswiel

Entdeckt Bléiepruecht op eise Blummefelder vum Fréijoer bis an den Hierscht. Verwinnt Iech selwer oder maacht Äre léifste Mënsche mat engem faarwege Bouquet vu gudder Laun mat frësch gepléckten, faarwege Schnëttblummen direkt vu eise Blummefelder e Kaddo. Et ginn onzieleg Uläss a Geleeënheeten, fir anere Leit eng Freed ze maachen anenee Blumme ze schenken. Ob als verzaubert Gebuertsdagskaddo, als klenge Merci, als Wonsch fir Besserung oder einfach sou als klenge Geste tëschenduerch – eng Iwwerraschung déi garantéiert Freed bréngt. Selwer gepléckte Blummebouqueten zaubere sécherlech jidderengem e Laachen an d'Gesiicht. Stellt Äre perséinleche Blummebouquet zesummen, genau no Ärem Goût.

306593058_10160003818315610_1435062510475048536_n.jpg
290347204_10159867816280610_2365934650147303066_n.jpg
344885538_1421280195340774_1657249418845120465_n.jpg
366317799_752305270238949_6864983006575050972_n.jpg

Eis 
Blummefelder

Vun Méindeg bis Sonndeg, onofhängeg vu Geschäftsstonnen - eis Blummefelder sinn 24 Stonnen den Dag fir Iech op.

 

Mir halen och Messeren um Entrée vun eise Blummefelder, direkt bei de Keese, fir Iech bereet.

Details

37 Haaptstrooss

8538 Hovelange

+352 691 323 937

fierkelshaff@gmail.com

Richtlinien

  • Facebook
  • Instagram

© 2024 Fierkelshaff. Erstellt mit Wix.com

bottom of page